main slider

AS Aktuell AG


Är Expert fir Textilindustrie Vull

Häerzlech Wëllkomm bei der AS Aktuell AG!

Mir freeën eis iwwert Äre Besuch an Ären Interessi un eise Produkter a Servicer ronderëm d'Textilvereedlung!
Hei e puer Wierder iwwert eis: Zanter bal 40 Joer ass d'AS Aktuell AG um Textilmaart vertrueden. Mir veredelen all Joers iwwer 5 Millioune Stécker Gezei mat opwennege Stéckereien oder héichwäertegem Textildrock. Dofir bidde mir e Service op d'Mooss. Eise Leeschtungsspektrum geet vun Direktastéckungen iwwer individuell Numm- a Firmenemblemer bis zu aussergewéinlechen Applikatiounen a Strassverzierungen.

Vereedlungen a Gezei kritt Dir vun eis ëmmer an Aklang mat Ärer Corporate Identity.  
Duerch eis laang Erfarung a eisem villsäitegem Portfolio ziele mir zu deene gréissten an der Branche. Mir si professionell bis bei de leschte Stach, well all Aarbecht gëtt bei eis op der Plaz iwwerpréift. Dat erkläert och eis Flexibilitéit an eis kuerz Liwwerzäiten. An och wat d'Qualitéit ugeet, gëllt: Näischt ass méi no wéi Troisdorf!
Kontaktéiert einfach eist Vertriibsteam.

 

Produiten

Nummemblemer

Nummemblemer

„Dofir stinn ech mat mengem Numm!“. Wann Dir och zu 100 Prozent hannert Ärer Firma stitt, da sinn d'Nummemblemer vun der AS Aktuell AG genee dat richtegt fir Iech! Mir produzéiere méi wéi 6000 Nummemblemer bannent nëmme 24 Stonnen.

Firmenemblemer

Firmenemblemer

Äre Firmelogo ass d'Visitëkaart vun Ärer Firma. Duerch eis Firmenemblemer ginn och Är Mataarbechter zu Ambassadeure vun Ärer Marque. Firmenemblemer hale laang an et gëtt se an iwwer 60 000 Zwir-Stoffkombinatiounen.

Direktastéckunge

Direktastéckunge

Dir wëllt nëmmen dat Bescht fir Är Mataarbechter? Da rode mir Iech zu eiser Direktastéckung - Vereedlung a Perfektioun. Äre Firmelogo oder Firmennumm gëtt propper an direkt an de Stoff gestéckt. Fir e selbstbewossten Optrëtt!

Textildrock

Textildrock

Eng Stéckerei ass ze klassesch fir Iech? Da weist einfach Är modern Säit mat engem passenden Textildrock vun der AS Aktuell AG. Well den Textildrock d'Alternativ fir fotorealistesch Biller an déi klengste Schrëften ass.

Applikatiounen

Applikatiounen

Mol eppes aneschters probéieren? Setzt en neien Trend mat Motiver mat 3D-Effekt. Bei eisen Applikatioune gëtt e Motivträger op d'Kleeder opgesat. Och méiglech als Groussmotiv oder a Kombinatioun mat enger anerer Vereedlungstechnik!

Strass

Strass

Wann een nach gären e bësse méi hätt, da recommandéiere mir Strass fir e WOW-Effekt mat Garantie. Zesumme mat Textildrock oder Stéckereien entsteet en individuellen an onverwiesselbare Look.

Nohaltegkeet

Munnech Saach dréit een al Dag. Dat gëllt och fir eis gemeinsam Responsabilitéit!

 

Nohaltegkeet ass e festen Deel vun eiser Firmestrategie an doduerch e lafende Prozess. Ausgangspunkt sinn d'Bezéiungen, déi mir ënnerhalen - zu eise Mataarbechter, Fournisseuren a Clienten. Sou ergi sech eis gemeinsam Wäerter wéi Fairness, sozial Verantwortung, Succès an Zefriddenheet.

Dat alles setze mir an enger Rei vu Richtlinnen an Eegeverflichtungen ëm. Mir stellen eis aktiv géint Kanneraarbecht an Diskriminatioun. Bei eis schaffe Mënschen aus villen Natiounen ënnert engem Daach. Eis Aarbechtszäite passe sech un d'Besoine vu Mammen un. Bei eis ass d'Integritéit vun eise Fournisseuren an d'Qualitéit vun eise Wueren immens wichteg. Zum Schluss hu mir en tipptoppt Resultat fir jiddereen.

 

Dir gitt méi gewuer iwwer eisen Verhalenskodex an iwwer d'Thema Nohaltegkeet bei AS Aktuell!

Wat eis ausmécht

Express Fäerdegung

Mir kënnen och "mol kuerz". An dat wéinst eiser moderner Ausrüstung, eisen héichmotivéierte Mataarbechter an eiser laanger Erfarung.

méi

Top Support

Berodung, déi Är Virstellung ëmsetze kann. Mat enger perséinlecher Kontaktpersoun an individuelle Konzepter.

méi

Zefriddenheetsgarantie

Dir hutt méi wéi nëmmen ee Grond zefridden ze sinn: Choix, Qualitéit, Berodung, Präis. Dat garantéiere mir Iech!

méi

Luxemburger Str. 15, 53842 Troisdorf

Wir setzen hauptsächlich technisch notwendige Cookies ein "z.B. Session-Cookies für den Warenkorb". Zusätzlich nutzen wir “Google reCAPTCHA” und SalesViewer®-Technologie auf unseren Websites. Einzelheiten zum Einsatz von Cookies sowie reCAPTCHA und Opt-out zu SalesViewer® können Sie unserer Datenschutzerklärung entnehmen.