D'Welt geet online - a mir gi mat!
D'AS Aktuell AG huet sech d'Zil gesat, senge Clienten de maximale Service a Komfort bei der Ëmsetzung vun hirem Kleedungskonzept ubidden ze kënnen. Fir dëst Leetmotiv ëmzesetzen, schafe mir fir eis Groussclienten e Webshop, dee just fir hir Firma gemeet ass. Do ginn ausgewielt an individuell-vereedelt Textilien presentéiert, an de Franchise-teneuren an hire Mataarbechter fir ze kafen ugebueden. De Webshop erméiglecht et den Employéen am Kader vun engem am Viraus festgeluechte Budget mat engem eegene Login déi vereedelt Textilien ze kafen. Egal ob brodéiert Hiermer oder Overallen mat Nummemblem, deen net brennt, mir kleeden Är Employéë mat der passender Beruffskleedung an.
D'Virdeeler vum B2B-Shop iwwerzeegen: Eng zentral Sammlung a Gestioun vun den eenzele Bestellunge vun der Firma entfällt an den administrativen Opwand ass doduerch vill méi kleng. Eise Webshop bitt also maximal Autonomie, Flexibilitéit a Wiertschaftlechkeet fir Är Firma.
Mir kënnen och "mol kuerz". An dat wéinst eiser moderner Ausrüstung, eisen héichmotivéierte Mataarbechter an eiser laanger Erfarung.
méi
Berodung, déi Är Virstellung ëmsetze kann. Mat enger perséinlecher Kontaktpersoun an individuelle Konzepter.
méi
Dir hutt méi wéi nëmmen ee Grond zefridden ze sinn: Choix, Qualitéit, Berodung, Präis. Dat garantéiere mir Iech!
méi