Niewent de Franchise-Systemer, Cabinet medicalen an Industrie a Wiertschaft ass d'AS Aktuell AG Fournisseur fir nach vill méi Secteuren an Organisatiounen, déi vun de ville Virdeeler vu Corporate Fashion profitéieren. Sou kleede mir zum Beispill Schoulen, Veräiner, Wäschereien a Butteker, egal op Grossissten oder eenzel Butteker mat eise raffinéierte Kleeder an. Och Eenzelpersoune gehéieren zu eisen zefriddene Clienten.
Wéinst eiser Cooperatioun mat verschiddene Stofffournisseuren ass et eis méiglech déi verschiddenst Zorte Stoff fir Äre Secteur op d'Mooss ze kréien. Mir beroden Iech gär beim Choix vun de richtege Gréissten, Faarwen, Schnëtter an natierlech och zu de passenden Textilvereedelungen, sou dass eng onverwiesselbar Kleedung entsteet, an där ee sech wuelfillt.
Mir kënnen och "mol kuerz". An dat wéinst eiser moderner Ausrüstung, eisen héichmotivéierte Mataarbechter an eiser laanger Erfarung.
méi
Berodung, déi Är Virstellung ëmsetze kann. Mat enger perséinlecher Kontaktpersoun an individuelle Konzepter.
méi
Dir hutt méi wéi nëmmen ee Grond zefridden ze sinn: Choix, Qualitéit, Berodung, Präis. Dat garantéiere mir Iech!
méi