All Franchise-System lieft vu sengem Erëmerkennungswäert. Wéi all Mataarbechter sech no bausse gëtt, gehéiert zu de wichtegsten Aspekter, fir d'Indentitéit vun enger Firma ze charakteriséieren. Sou kann d'AS Aktuell AG Franchise-Firmae mat raffinéierter Beruffskleedung akleeden an domadder en eenheetleche Look schaafen, dee grondleeënd fir all Franchise-Modell ass.
Eist Zil ass et, e Konzept fir Är Berufskleedung z'entwéckelen, deen eenheetlech ass, mee awer och individuell fir Är Firma ass. Dozou gehéiert net nëmmen de Prozess, d'Kleedung ze vereedelen an de Choix vu passende Stëfter, mee och alles vun der Berodung bis zu Dozou gehéiert net nëmmen de Prozess, de Kleedung ze vereedelen an de Choix vu passenden Stëfter, mee och alles vun der Berodung bis zu der logistescher Ofwécklung. Mir liwweren un déi verschidde Plaze vun der Franchise an iwwerhuelen d'Lagere vun de Kleeder fir Iech. Doduerch hutt Dir manner Ëmstänn a Käschten. Zu der optimaler Komplettléisung am Beräich Corporate Fashion gehéiert och den onkomplizéierten Oflaf vum Akaf. Dat ka bequem iwwer e B2B-Shop oflaafen, dee speziell op Iech ofgestëmmt ass. All Franchise-Partner huet dobäi en eegenen Zougang, woduerch de Franchise-donneur d'Bestellungen net sammele muss, ouni awer dass déi zentral Kontroll entfällt. Mir stellen eis och gären op Är Wënsch an, wat d'Rechnung betrëfft: Egal op zentral oder dezentral, fir eis sinn déi zwou Optioune kee Problem! Dir hutt et sécher scho gemierkt: Mir stellen eis op déi extra Aspekter vum Franchise-Modell an a bidden Iech Servicepäck op d'Mooss un.
Mir kënnen och "mol kuerz". An dat wéinst eiser moderner Ausrüstung, eisen héichmotivéierte Mataarbechter an eiser laanger Erfarung.
méi
Berodung, déi Är Virstellung ëmsetze kann. Mat enger perséinlecher Kontaktpersoun an individuelle Konzepter.
méi
Dir hutt méi wéi nëmmen ee Grond zefridden ze sinn: Choix, Qualitéit, Berodung, Präis. Dat garantéiere mir Iech!
méi