Corporate Fashion

PSA-Embleme

Den Ënnerscheed zwëschen einfach schéin a schéi sënnvoll.

Eng konsequent Corporate Identity ass wichteg fir de Succès vun enger Firma. Ausschlaggebend ass, dass de Firmegrondsaz, d'Iddi op allen Niveaue gedroe gëtt. Da wierkt de CI-Gedanken direkt op zwou Manéieren. No bausse séchert en de Wiedererkennungswäert, deen allt erëm d'Vertraue vum Client stäerkt. No banne stäerkt eng konsequent Corporate Identity d'Gefill bei de Mataarbechter dobäi ze gehéieren, sou dass si sech als en Deel vun engem grousse Ganzen ugesinn.

Eng Manéier, fir de Firmegrondsaz wierklech bis op all Niveau vun der Firma zedroen, ass Corporate Fashion: eenheetlecht, mee och zweckméissegt Gezei fir d'Mataarbechter. Corporate Fashion ka vill zum Succès vun enger Firma bäidroen, a ka scho laang net méi mat langweilegen Uniforme verglach ginn. Am Géigesaz, mir fanne fir all Firma genee déi Textilien, déi de Charakter perfekt erëmginn an net nëmmen an der Moud sinn, mee och dem Asaz vun all Stéck entspriechen. Mir beroden Iech gäre beim Choix vun Ärem Gezei, iwwert déi passend Vereedlungstechniken a beim logisteschen Oflaf. Hei kënnt Dir op eis Logistik-Déngschtleeschtungen zréckgräifen.

A ganz egal, wou Är Corporate Fashion gedroe gëtt - d'AS Aktuell AG bitt Iech Léisunge fir all Gebrauchszwécker: representativ, laang Liewensdauer, Profischaffgezei.

Wat eis ausmécht

Express Fäerdegung

Mir kënnen och "mol kuerz". An dat wéinst eiser moderner Ausrüstung, eisen héichmotivéierte Mataarbechter an eiser laanger Erfarung.

méi

Top Support

Berodung, déi Är Virstellung ëmsetze kann. Mat enger perséinlecher Kontaktpersoun an individuelle Konzepter.

méi

Zefriddenheetsgarantie

Dir hutt méi wéi nëmmen ee Grond zefridden ze sinn: Choix, Qualitéit, Berodung, Präis. Dat garantéiere mir Iech!

méi

Luxemburger Str. 15, 53842 Troisdorf

Wir setzen hauptsächlich technisch notwendige Cookies ein "z.B. Session-Cookies für den Warenkorb". Zusätzlich nutzen wir “Google reCAPTCHA” und SalesViewer®-Technologie auf unseren Websites. Einzelheiten zum Einsatz von Cookies sowie reCAPTCHA und Opt-out zu SalesViewer® können Sie unserer Datenschutzerklärung entnehmen.